Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Resultater, Historique, Andréck: Den RTL-Walsite liwwert Iech déi neisten Entwécklungen en direct

Fir déi technesch Ekippe vun RTL lafen d'Walvirbereedungen schonn zanter Wochen. Besonnesch vill Aarbechtsstonne sinn an den neie Walsite eragaangen.

Iwwert den neie Walsite kommen all d'Informatioune ronderëm d'Gemengewale séier a gebündelt eran. Déi verschidde Funktioune vum Site ginn Iech weider ënne presentéiert.

Op de Walsite kommt Dir hei.

Just ronn 10 Sekonnen dauert et, bis d'Resultat vun der Auszielung vun engem Walbüro vum Centre informatique, wou dës Informatiounen national beienee kommen, säi Wee op de Walsite vun RTL.lu fënnt. Den Digital Director vun RTL, Tom Weber, erkläert: "Esoubal e Büro ausgezielt gëtt, ginn déi Donnéeën un de Centre informatique weidergeleet. Si traitéiere se, mir kréien se da bei eis eran. Deen Ament generéiere mer eng ganz Rei Donnéeën, esou datt sech dat dann um Site live update."

Och d'Radios- an Tëleesekippen um Terrain kréien iwwert dëse Wee en Iwwerbléck iwwert déi aktuellsten Entwécklungen uechter d'Land. "Wann eppes Neies erakënnt, gesäit een et direkt op der Kaart opliichten. Et kann een direkt dropgoen an et gesäit een d'Resultater vun de Kandidaten, och zum Beispill mam Verglach zu de Jore virdrun."

E weidere Virdeel vum Walsite ass, datt een d'News och no de jeeweilege Gemenge siche kann. Alles wat vu Radio an Tëlee um Waldag erageschéckt gëtt, gëtt vun der Online-Ekipp opbereet, fir datt dat duerno an de jeeweilege Gemengen-Sektiounen ze fannen ass. "Jidderee kann also cibléiert op seng Gemeng all d'Informatiounen op ee Bléck kréien", esou de Chef vun RTL.lu, Pierre Weimerskirch.

De Walsite ass awer och interessant, wat den Historique vun de vergaangene Walen ugeet. Et kann een zum Beispill kucken, wéi de Kandidat déi lescht Walen an och déi virdrun ofgeschnidden huet an et huet een e séieren Iwwerbléck iwwer d'Sëtzverdeelungen. De Site funktionéiert iwwerdeems op dräi Sproochen: Lëtzebuergesch, Englesch a Franséisch.

Wéi funktionéiert de Walsite?

Op der Iwwerbléckssäit fënnt een all d'Resultater. Si lafen automatiséiert eran a kënnen esou scho bannent Minutte vun der Auszielung vun engem Büro affichéiert ginn.

Riets nieft den aktuellsten Zuelen a Statistiken ass eng Kaart vu Lëtzebuerg, wou een entweder mat der Maus iwwert d'Gemenge goe kann, oder op e Feld klicke kann, fir sech den Detail vun der jeeweileger Gemeng uweisen ze loossen. Soubal e Sonndeg éischt Resultater erakommen, fänken d'Gemengen op der Kaart un, sech an de Faarwen vun de jeeweilege Parteien anzefierwen.

Klickt een zum Beispill op d'Stad Lëtzebuerg, kritt een net nëmmen déi aktuellsten Entwécklungen an der Haaptstad ugewisen, mee och den Historique vun de Wale virdrun an d'Resultater pro Partei.

RTL

An der Bande "Aktuell Resultater" kritt gesäit een déi neiste Resultater aus den eenzele Gemenge quasi an Echtzäit ugewisen.

Uewe riets an der Navigatiouns-Bande gi sech nieft "Resultater" och "News" ugewisen. Klickt een heirop, kritt een op der Haaptsäit den Iwwerbléck doriwwer, wat d'Ekippe vun der Tëlee oder vum Radio vum Terrain beriichten.

Besonnesch interessant: Hei kann een iwwer "Gemeng auswielen" och déi aktuellsten Noriichten aus senger Gemeng fannen, ouni sech duerch de ganze Site klicken ze mussen.

RTL

Wann Dir Iech d'Andréck aus de Regiounen an de grousse Stied um Waldag gären an enger Fotosgalerie wëllt ukucken, fannt Dir an der Navigatiouns-Bande ënnert "Fotoen" wat Dir sicht.

Iwwer "Télé Live" a "Radio Live" kommt Dir op déi jeeweileg Streams vun der Tëlee a vum Radio.