Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Revendicatiouns-Katalog: ProVelo fuerdert méi Planifikatioun a Richtung aktiv Mobilitéit

En vue vun de Gemengewalen huet d'Associatioun ProVelo, déi sech fir méi Vëlo-Trafic asetzt, e Revendicatiouns-Katalog ausgeschafft.

D’Planifikatioun vun der Mobilitéit am Land misst sech méi a Richtung vun der aktiver Mobilitéit entwéckelen. Dofir wier politesche Wëlle gefuerdert, deen haut nach ëmmer ze vill um motoriséierten Trafic axéiert wier. ProVelo fuerdert dowéinst d’Ëmsetze vun engem 8-Punkte-Plang, deen ënnert anerem d'Plangen, d'Reglementatioun oder dat konkret Ëmsetze vun engem anere Mobilitéitsmodell abegräift.

Et wier ee beispillsweis och kloer fir en Tempolimitt 30 an den Agglomeratiounen, an eng konsequent Reorganisatioun vum kommunale Stroossereseau.

Detailer ginn et op provelo.lu.