Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Rewind-Play-Forward: Den 22. Dezember gëtt Esch 2022 clôturéiert

10 Méint laang sinn 130 Projeten an eng 2.000 Manifestatiounen zu Esch an an de Partnergemenge vu Pro-Sud an am franséische Grenzgebitt presentéiert ginn.

Esch 2022 Clôture / Rep. Christiane Kremer

Wéi dës grouss Ofschlosszeremonie soll ausgesinn a wat dono nach vun Esch 2022 soll bleiwen, ass op enger Pressekonferenz presentéiert ginn.

Et gouf schonn emol kloer gesot, datt et den Ofschloss vum 1. Kapitel vun Esch 2022 ass, well d'Iddi vun der Durabilitéit an der Nohaltegkeet bleift weider bestoen. Et geet net nëmmen drëm, wat Esch bruecht huet, mä virun allem dat, wat vun Esch bleiwe wäert, sou de Buergermeeschter vun Esch a President vu Pro-Sud Georges Mischo.

"Do muss et och elo weidergoen. Deen Elan an déi Dynamik musse mer och elo mat weider huelen a weisen, datt eis Gemengen a Stied sech urbanistesch, touristesch an ekonomesch och duerch d'Kultur kënne weiderentwéckelen an dat hu se dëst Joer gemeet an dat soll weidergefouert ginn. An do musse mer elo derbäi bleiwen".

Op de Fait ugeschwat, datt Esch 2022 och an der Kritik stoung, besonnesch bei der Ouverture, déi nach ënner Covid-Konditiounen huet missen organiséiert ginn, huet de Georges Mischo preziséiert, datt sech am Laf vum Joer villes positiv entwéckelt hätt.

"D'Kritik war op ville Plaze berechtegt. Et ass reagéiert ginn, aus Kritik soll ee léieren. An et ass awer trotzdeem eng Dynamik hei am Süden an der Regioun an op der franséischer Säit komm, déi eis op eng Landkaart gesat hunn, wou mer net méi wëlle fort"

"Rewind-Play-Forward" ass de Motto vun der Ofschloss-Zeremonie an der Rockhal, wou och op d'Highlights an de verschiddene Gemengen agaange gëtt, sou d'Directrice vun Esch 2022 Nancy Braun.

"An der Retrospektiv wäerte mer kleng Table-Ronden hunn, wou Gemengevertrieder awer och Services culturelles, jee Partner wäerten zu Wuert kommen, wou dann och verschidden Theematiken, déi eis wichteg ware wärend dem Joer, nach eemol wäerte beliicht ginn. An déi gi beliicht iwwer Projeten, déi stattfonnt hunn"

Dono ass Live-Musek, Danz an Apéro Littéraire a vun 11 Auer un da Party an der Arche zu Villerupt. D'Entrée ass iwwerall gratis, mä et soll ee sech umellen.