Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Rietsextreemistesche Milieu: Een Doudege bei enger Perquisitioun an der Géigend vun Antwerpen

RTL

Zu Merksem an der Géigend vun Antwerpen an der Belsch ass bei enger Perquisitioun ee Mënsch gestuerwen, wéi de Parquet matdeelt.

Et gouf deen Dag direkt e puer Razzie gläichzäiteg. "Bei engem vun dësen Asätz ass et zu engem Schosswiessel tëscht der Police an enger Persoun komm, déi sech an engem Gebai opgehalen huet. Dës Persoun ass gestuerwen", esou de Parquet um Mëttwoch.

D'Razzie goufen duerchgefouert, well d'Ermëttler Hiweiser op ee geplangten "terroristeschen Attentat" aus dem rietsextreme Milieu haten. Bei den zéng Perquisitioune tëscht Gent an Antwerpen goufen eng sëllege Waffen a Munitioun saiséiert.