Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Rijeka: Anti-Schëffs-Minn aus dem 2. Weltkrich kontrolléiert gesprengt

D'Minn aus dem 2. Weltkrich gouf am Hafe vu Rijeka fonnt an huet e Sonndeg du fir d'éischt emol vun der Küst ewechgeschleeft misse ginn.

Mat engem "Schlepper" gouf d'Minn aus dem Hafe geschleeft, fir se spéiderhi géint 13.15 Auer um oppene Mier kontrolléiert ze sprengen. Déi ganz Aktioun huet moies kuerz no 6 Auer ugefaangen. Fir déi komplett Dauer vun der Operatioun gouf en Deel vun der Stad evakuéiert an och en Deel vum Stroossen-, Zuch- a Loftverkéier gespaart.

D'Minn ass nach aus dem Zweete Weltkrich a gouf deemools vun den Däitschen do placéiert. 80 Joer laang blouf se onentdeckt, bis se d'lescht Joer bei Infrastrukturaarbechten am Hafe vu Rijeka fonnt gouf. Dem Nenad Krasny vun der Spezialunitéit no war et eng Minn mat 690 Kilogramm Hexanit-Sprengstoff.

Wéi de Buergermeeschter vu Rijeka Marko Filipovic op enger Pressekonferenz matgedeelt huet, gouf ee weideren explosiven Objet an der Stad op engem Chantier fonnt. Iwwer dës Aktioun géing een d'Medien an d'Residentë mat Zäiten informéieren. Dëst wier awer eng vill méi einfach Operatioun wéi déi vun e Sonndeg am Hafen.