Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Riseg Äschewollek: Indonesesche Vulkan Krakatau ausgebrach

E Freideg ass de Vulkan Krakatau ausgebrach an huet eng riseg Äschewollek ausgestouss, déi eng Héicht vun dräi Kilometer iwwert dem Krater erreecht huet.

E Freideg huet d'Iwwerwaachungsstatioun an der Géigend vum Vulkan, deen och als Anak Krakatoa bekannt ass, gemellt, datt dësen ausgebrach. Meldungen iwwer méiglech Blesséierter oder Schied gouf et bis ewell keng. D'Iwwerwaachungsstatioun huet iwwerdeem d'Awunner am Ëmkrees vu 5 Kilometer dozou opgeruff, an hiren Haiser ze bleiwen.

Schonn d'lescht Joer haten d'Autoritéiten d'Warnstuf fir de Krakatau eropgesat, nodeems eng erhéicht Aktivitéit vum Vulkan constatéiert gouf. 2018 war de Vulkan no enger grouss Eruptioun deelweis an de Koup gefall. Dobäi sinn Deeler vum Vulkan an d'Mier gefall an hunn domat en Tsunami ausgeléist. Méi wéi 400 Mënschen koumen ëm d'Liewen, Dausende goufe blesséiert.

An Indonesien gëtt et bal 130 aktiv Vulkaner.