Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RTL huet de Selbsttest gemaach: Onzefriddenheet wéinst Retarden op der Nordstreck

Op der Eisebunnslinn 10 kommen d'Zich a reegelméissegen Ofstänn ze spéit. Dat behaapten op alle Fall Leit, déi d'Streck reegelméisseg fueren.

Et ass nawell liicht spatz en Dënschdeg de Moien op der Dikrecher Gare. Am Fong soll de Regionalexpress a Richtung Stad um 7.50 Auer fortfueren, ma um elektronesche Panneau gëtt awer ee Retard vu fënnef Minutten ugewisen. Wien dat net sollt gesinn, kritt et vun enger sympathescher Fraestëmm iwwert den Hautparleur matgedeelt. Um 7.50 Auer kënnt den Zuch um Quai un an eng Partie Leit, an éischter Linn Schüler, klammen eraus. Um 7.56 Auer geet et da mat sechs Minutte Retard a Richtung Stad, mam Zil RTL-City um Kierchbierg. Normalerweis gëtt dee Wee mam Auto zeréckgeluecht, ma well sech an der Lescht eng Partie Leit iwwert Retarden an Annulatiounen op der Nordstreck vun der Eisebunn beschwéiert hunn, gëtt eben de Selbsttest gemaach. Mee der Rei no, fir d'éischt mol nach ee Bléck zeréck.

Zanter dem 27. August d'lescht Joer ass den deegleche Wee op d'Aarbecht oder an d'Schoul fir vill Leit, déi mam Zuch op der Linn 10 tëscht der Stad an der belscher Grenz zirkuléieren, ee gudde Krack méi komplizéiert ginn. Un deem Dag koum et nämlech am Eisebunnstunnel Schieburg tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz, am Kader vun Entretiensaarbechten, zu engem Äerdrutsch. Dat huet zur Konsequenz, datt zanter enger Rei Méint d'Zich a Richtung Norden zu Kautebaach an déi a Richtung Süden zu Klierf stoe bleiwen. D'Streck tëscht Klierf a Kautebaach gëtt vun Ersatzbusser, déi d'Arrêten Draufelt a Wëlwerwolz usteieren, couvréiert. Doriwwer eraus gouf een Direktbus vu Klierf op Ettelbréck ageriicht.

Ofstëmmung tëscht Zuch a Bus net optimal

Ma trotz allen Efforte vun der Lëtzebuerger Eisebunn iergere sech an der Läscht ëmmer méi Leit iwwert Retarden an Annulatiounen op der Streck. An der Facebookgrupp "CFL on time...+3' ...+10' ... CANCELLED!!", an där Zuchpassagéier sech an éischter Linn iwwert Problemer am Schinnereseau austauschen, dominéieren zanter enger Zäit Posten iwwer deels massiv Retarden op der Nordstreck. Ee Mann, deen all Dag vun Nacher mam Bus op Kautebaach a vun do aus mam Zuch an d'Stad fiert, erkläert, datt d'Faart quasi ni ouni Retard ofleeft. Dobäi géing den Zuch normalerweis mat Zäiten zu Kautebaach fortfueren. Ma ënnerwee kéim et ëmmer rëm derzou, datt den Zuch op oppener Streck stoe bleift, ouni datt de Clienten erkläert géif firwat. Dacks wier dat kuerz virun Ettelbréck de Fall. De Mann geet dervun aus, datt dat doru läit, datt de Regionalexpress, dee vun Dikrech an d'Stad fiert, ze spéit un ass an den Zuch vu Kautebaach erfort dowéinst ausbremst gëtt. Ma och op anere Plaze géif dacks Zäit verluer goen. Owes wieren d'Retarden iwwerdeems meeschtens nach méi grouss. Dat wier fir hien ee grousse Problem, well de Bus vun der Linn 146, deen all Stonn op der Gare zu Kautebaach fortfiert, esou gutt wéi ni waarde géif a seng Fra hien da misst siche kommen, wann en net eng Stonn zu Kautebaach waarde wéilt. Datt de Bus meeschtens mol net bei ganz klenge Retarden op den Zuch waarde géif, géing un engem Mangel u Kommunikatioun mat der CFL leien. De Chef de gare géing nëmme ganz seelen d'Gespréich mat de Buschauffere sichen.

RTL

© RTL

Eng Fra, déi zu Draufelt wunnt an och an der Stad schafft, erlieft d'Situatioun ganz änlech. Si fiert vun Draufelt mam Auto op Kautebaach a klëmmt do op den Zuch ëm. Si kéint och den Ersatzbus fir op Kautebaach huelen, ma owes wier et dacks esou, datt dee klenge Shuttlebus scho fort wier, wann den Zuch nees Retard hat. Dobäi hätten d'Busser theoretesch ee Sputt vun enger hallwer Stonn. Ma jee no Chauffeur géing de Bus schonn no zéng Minutte fueren. Och hei mussen déi betraffe Passagéier, ronn eng Dose Persounen, da knapp eng Stonn waarden. Firwat et op der Streck reegelméisseg zu Retarde kënnt, ass och der Fra vun Draufelt no dacks onkloer. Entweder géing de Leit guer net gesot, firwat den Zuch net weiderfiert oder d'Erklärunge wieren net novollzéibar. Generell ass et d'Kritik un der Kommunikatioun vun den CFL mat de Clienten. Nieft dem direkte Kontakt wier och bei der Qualitéit vun der App nach Loft no uewen, well déi ugewisen Zäiten dacks näischt mat der Realitéit ze dinn hätten.

D'Situatioun ass net all Dag déi selwecht

Ma och bannent den CFL schéngt d'Ofstëmmung net optimal ze funktionéieren. Béid Zuchpassagéier erzielen onofhängeg vunenee vun engem Incident um Owend vum 20. Januar. Well een Zuch wuel een Déier ze pake kritt hat, ass de Regionalzuch op Kautebaach méi laang Zäit ausgefall. D'Clienten hätten dowéinst vum CFL-Personal recommandéiert kritt, de Bummelzuch op Dikrech ze huelen an zu Ettelbréck erauszeklammen. Vun do aus géingen dann Ersatzbusser bis op Kautebaach fueren. Zu Ettelbréck ukomm, hätt sech dat awer als falsch erausgestallt.

Och wann d'Aussoe vun de Betraffene sech gréisstendeels decken, kann et ni schuede sech een eegent Bild um Terrain ze maachen. Also goung et e Méindeg den Owend kuerzerhand vum Pafendall op Kautebaach. Den Zuch sollt um 18.48 Auer ënnert der Rouder Bréck fortfueren. Um 18.50 Auer goung et dunn effektiv a Richtung Norden. Bis zum Schluss vum Trajet sollt just nach eng weider Minutt Retard derbäi kommen, sou datt Kautebaach um 19.31 Auer erreecht gouf. Wärend ee groussen Deel vun de Leit vun hei aus op den Zuch a Richtung Wolz ëmgeklomme sinn, hunn déi aner den Auto oder ee vun de Busser, déi nach all do stounge geholl. Et huet net den Androck gemaach, wéi wann een op der Kautebaacher Gare gestrant gewiescht wier.

RTL

© RTL

A well den Auto d'Rees an den Norden net mat ugetrueden hat an et sech zu Fouss vun Dikrech op de Kierchbierg e bëssi zitt, war et en Dënschdeg de Moien déi nächsten Zuchfaart. Nodeems et mam ernimmte Retard lass goung an engem opfälleg laange Stopp zu Ettelbréck koum et zu kenge weideren Tëschefäll, mat 8.43 Auer war d'Arrivée awer néng Minutte méi spéit wéi geplangt. Um elektronesche Panneau gëtt dëst mat "problèmes opérationnels" erkläert. Wéineg iwwerraschend war och de Regionalexpress vu Kautebaach erfort affektéiert. A wann een den Aussoen op "CFL on time...+3' ...+10' ... CANCELLED!!" gleewen däerf, och aner Zich.

Aktuell ass geplangt, datt den Tunnel Schieburg de 17. Abrëll rëm fir den Zuchtrafic opgeet. Ma wann ee mat de Betraffene schwätzt, hu si wéineg Hoffnung, datt deen Datum agehale ka ginn. Hannert virgehalener Hand géingen dat zu Kautebaach nämlech esouguer d'CFL-Mataarbechter bezweiwelen.