Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RTL-Informatiounen: Gehälteraccord beim Staat an dréchenen Dicher

Aus de Chamberkulissen heescht et RTL géintiwwer, datt den DP-Minister Marc Hansen annoncéiert, datt d'Verhandlunge mat der CGFP ofgeschloss goufen.

An op eemol goung et séier: net méi spéit wéi e Freideg am Nomëtteg mécht de Minister vun der Fonction publique an der zoustänneger Chamberkommissioun eng Deklaratioun.

Dës Deklaratioun ass u sech eng Zort Annonce, well, wéi et aus de Chamberkulisse géintiwwer vun RTL heescht, wäert den DP-Minister Hansen annoncéieren, datt d'Gehälterverhandlunge mat der CGFP konnten ofgeschloss ginn, an datt en Accord fonnt gouf. Nach dës Woch hat den OGBL gefrot, fir bei dëse Verhandlungen dobäi ze sinn, dorausser gouf dunn näischt.

D'CGFP dierft sech deemno mat hire Revendicatiounen duerchgesat hunn. Fuerderungen, déi ni op der place publique devoiléiert goufen, mä ewell vun der Rentrée sociale un hat d'Staatsbeamtegewerkschaft unisono eng Hausse vum Punktwäert gefrot.

Dës Fuerderung wier no zwou Nullronne komplett ubruecht, seet d'CGFP. Eng Austeritéitspolitik wier dogéint aktuell net ubruecht.

Wéi den Accord am Detail ausgesäit, gëtt am Nomëtteg annoncéiert, wann de Minister Marc Hansen eng Pressekonferenz mat der CGFP mécht.

Dës Presentatioun gëtt och live op RTL.lu vun 16 Auer un gestreamt.

Dann ass och gewosst, wéi een Impakt d'Augmentatioune vun de Paie beim Staat wäerten op de Staatsbudget vum nächste Joer hunn, deen d'nächst Woch gestëmmt gëtt.

Net méi spéit wéi e Méindeg kënnt och d'Conférence des Comités vun der CGFP beieneen. Kuerzfristeg gouf och fir e Freideg am fréie Mëtteg d’Conférence des Comités restreintes vun der CGFP beienee geruff, dat mat just engem Punkt, iwwer deen diskutéiert gëtt: "accord salarial: présentation pour accord".