Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RTL-Informatiounen: Keng Entloossunge bei Goodyear zu Lëtzebuerg awer deels Chômage partiel

Goodyear huet virun enger Woch offiziell matgedeelt, weltwäit 500 Aarbechtsplaze wëllen ofzebauen. Dat wéinst dem aktuell schwieregen ekonomeschen Ëmfeld.

Ob, a wa jo, wéi vill Posten zu Lëtzebuerg concernéiert wieren, stoung net am Communiqué.

RTL-Informatiounen no ginn et offiziell den Ament nach keng konkret Pläng vum Pneueproduzent, fir hei Leit z'entloossen.

Den OGBL huet op Nofro hi betount, vun der Direktioun net iwwer méiglech Licenciementer informéiert ginn ze sinn. Eppes, wat dem Gesetz no awer misst mat de Gewerkschaften negociéiert ginn.

Och am Wirtschaftsministère wéist een näischt vun esou Pläng. Allerdéngs hätt een dës Woch eng Entrevue mat de Responsabele vu Goodyear gehat. Déi hätten ugekënnegt, am Beräich Recherche an Developpement och hei zu Lëtzebuerg e Gank zeréckzeschalten a Chômage partiel fir en Deel vun hirer Beleegschaft unzefroen. Am Wirtschaftsministère wär een am Prinzip d'Accord, heescht et op Nofro hin.

Informatioune vum Onofhängege Gewerkschaftsbond wären eng 100 Mataarbechter vu Goodyear hei zu Lëtzebuerg concernéiert.