Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schlussrapport vum Weltklimarot: Warnungen, mee et ass net alles verluer

Et ass nees eng lescht Warnung an där hate mer der jo lo schonn e puer. Dat seet de President vu Greenpeace Lëtzebuerg zum IPCC-Schlussrapport.

Dora schléit de Weltklimarot also nees Alarm. D‘Liewen op eisem Planéit gëtt duerch de Klimawandel an Zukunft ëmmer méi geféierlech. An dat ass net nei, seet och de Klimatolog Andrew Ferrone. De Klimawandel ass op de Mënsch zeréckzeféieren an elo scho gesäit een de schwéieren Impakt vun der Äerderwiermung iwwerall op eisem Planéit.

„An dass effektiv d‘Impakter vum Klimawandel ganz preoccupant sinn. Also dass se elo schonn iwwerall op der ganzer Welt ze beobachten sinn an dass se mat all Zéngtel Grad ëmmer nach méi schlëmm ginn. Mee de Rapport seet awer och ganz kloer, dass et Hoffnung gëtt an dass een de Klimawandel ka bremsen. An dat nach bis op 1,5 Grad. Mee fir dat z‘erreechen, mussen d‘Klima-Ambitiounen nach ganz staark eropgeschrauft ginn.“

Engersäits wier d‘Politik gefuerdert, anerersäits och all Eenzelen.

„De Rapport mécht och eng Analys, vun dem wat een am Liewensstil kann änneren. Wann een alles zesummenhëlt, da kann ee bis 2050 d‘Emissioune bis op 70 Prozent – réng duerch Liewensstil-Ännerungen – erofsetzen.“

Et léicht awer net just un de Leit. Och d‘Politik misst de richtege Kader setzen, zum Beispill an der Finanzindustrie, well mer duerch eis grouss Fongenindustrie an och eise Pensiounsfong Akzenter kënne setzen, erkläert de President vu Greenpeace Lëtzebuerg.

„Et stinn net genuch Finanzmëttelen zur Verfügung, fir engersäits déi ganz Transitioun ëmzeswitchen an anerersäits ginn et ëmmer nach vill Investitiounen an Industrien, an d‘Pëtrolsindustrie, déi ëmmerhin nach responsabel sinn, dass mer eis Richtung 7 Grad beweegen amplaz vun 1,5.

D‘Politik misst och dofir suergen, dass d‘Leit sech klimagerecht verhale kënnen. Den nächste Klimaschutz- an Energieplang géing elo vun der Regierung op de Leescht geholl ginn. Do misst och onbedéngt a verschiddenen Secteuren nogebessert ginn, sou de Raymond Aendekerk