© Roland Miny
No der Defaite am Dubbel huet den Alex Knaff mat enger Victoire am Simple den Duell géint Südafrika fir Lëtzebuerg entscheet.
E Sonndeg hat sech am fréie Mëtteg d'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team mam Chris Rodesch an Alex Knaff zu Esch misse geschloe ginn. Am Playoff fir an de Weltgrupp 2 géint Südafrika hu si am Dubbel mat 4:6, 7:5 an 3:6 de Kierzere gezunn a sou stoung et no den zwou Eenzel-Victoiren e Samschdeg 2:1.
D'Decisioun sollt also an ee vun den zwee Simplë falen. Hei konnt sech den Alex Knaff am Match géint de Kris van Wyk mat 3:6, 6:3 6:4 behaapten an domat d'Duell vun de Playoffs entscheeden. D'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team bleift also weider am Weltgrupp 2.