Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team: Lëtzebuerg läit mat 2:0 géint Südafrika vir

Den éischte Match gouf vum Alex Knaff an dräi Sätz gewonnen an de Chris Rodesch setzt sech an zwee Sätz duerch.

Den éischte Match tëscht dem Alex Knaff an dem Alec Beckley huet iwwer 130 Minutte gedauert. De Lëtzebuerger hat den éischte Saz mat 4:6 verluer, konnt sech déi zwee nächst Sätz awer jeeweils mat 6:3 fir sech entscheeden. De Spiller vun der FLT konnt am ganze Match zwar keen Ass schloen, huet awer vun den Duebelfeeler vu sengem Kontrahent profitéiert (7 fir de Beckley, 3 fir de Knaff). De 25 Joer ale Lëtzebuerger huet am Ganzen 98 Punkte gemaach, 13 méi wéi de Südafrikaner (85).

No knapp 80 Minutte war den zweete Match tëscht dem Chris Rodesch an dem Kris van Wyk eriwwer. De Lëtzebuerger Tennisspiller huet dem Südafrikaner mat 6:4 a 6:4 keng Chance gelooss an emol kee Break-Punkt zougelooss. Mat véier Assen an ouni Duebelfeeler huet de Rodesch den zweete Punkt fir Lëtzebuerg geséchert.

Um Sonndeg ass spillen déi selwecht Lëtzebuerger fir d'éischt am Dubbel, éier déi éischt Ronn vum Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team mat zwee Eenzel ofgeschloss gëtt.