Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Selbstmordattentat zu Kabul: Op d'mannst 19 Mënschen ëm d'Liewe komm - virun allem Meedercher

RTL

© AFP

E Freideg hu sech an der Schoul an der afghanescher Haaptstad Honnerte Schüler op hir Examen preparéiert, wou Explosioun duerch de Raum gaangen ass.

19 Mënschen - virun allem Meedercher - si gestuerwen, eng 27 goufe blesséiert. am Kaaj Higher Educational Center kënne sech jonk Fraen a Männer op hir Universitéitsetüde preparéieren. Ee blesséierte Schüler sot no der Attack: "Mir ware ronn 600 Leit an der Klass. Mä déi meescht Doudesaffer waren ënnert de Meedercher ze bekloen."

Schonn d'lescht Joer gouf et eng änlech Attack op eng Schoul, nach ier d'Taliban nees un d'Muecht koumen. eng 85 Leit, dorënner och gréisstendeels Meedercher, sinn dobäi ëmkomm, 300 anerer goufe blesséiert.