Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Semaine du Logement: Regierung wëll en Donneschdeg a Freideg eng Rei Ännerunge presentéieren

An der Lux Expo ass en Donneschdeg de Moien d'Ouverture vun der Semaine du Logement an der Home-Expo.

Zesumme mat der Klima-Expo fënnt een déi nächst 4 Deeg iwwer Iddien a Léisunge ronderëm de Bau, d’Renovatioun, oder Dekoratioun am Aklang mat Energieeffizienz an Klimafrëndlechkeet.

Dofir sinn nieft dem Grand-Duc och déi dräi zoustänneg Ministeren Henri Kox, Claude Turmes a Joelle Welfring bei der Ouverture dobäi.

Am Kader vun der Semaine du Logement wäert d’Regierung déi nächsten Deeg eng Rei Ännerunge presentéieren, déi e Mëttwoch am Ministerrot ugeholl goufen. En Donneschdeg sinn et Amendementer vum  Mietgesetz, mat ënnert anerem enger Reform vum Mietdeckel, déi de Locataire besser soll schützen.

E Freideg da gëtt déi nei Grondsteier virgestallt, op déi jo scho laang gewaart gëtt. Et kënnt eng Mobilisatiounssteier op Terrainen, eng national Steier op Wunnengen, déi eidel stinn, an en nationale Regëster gëtt agefouert vun de Gebaier a Wunnengen.

RTL