Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Sensibiliséierungscampagne fir Senioren: "Léif Boma, léiwe Bopa, Loosst iech net beducksen!"

Sensibiliséierungscampagne fir Senioren

Well et an der Läscht zu méi Fäll vu Bedruch bei eelere Leit komm ass, lancéiert d'Police eng Sensibiliséierungscampagne. E puer Fürerschäiner agezunn.

Esou eng Campagne gouf fir d'éischt 2019 an Zesummenaarbecht mam Familljeministère an dem Integratiounsministère lancéiert. Déi nei Campagne gëtt de 6. Juni um Policekommissariat um Verluerekascht presentéiert, dat ënnert anerem a Presenz vun der Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen.

D'Police deelt dann nach mat, datt e Mëttwochowend géint 19h15 zu Bieles an der route d'Esch um Site vun enger Tankstell zu engem Accident mat Materialschued komm ass. Well sech déi betraffe Persounen net eens goufen, hu si d'Police geruff. Op der Plaz hunn d'Beamten du festgestallt, datt béid Chaufferen ze vill gedronk haten. D'Alkoholtester ware positiv. An engem Fall gouf ee Protokoll ausgestallt, an deem aneren de Fürerschäin agezunn.

Kuerz no 2 Auer gouf eng Policepatrull zu Wilwerdang op een Automobilist opmierksam, deen duerch säi Fuerstil opgefall ass. Hie gouf kontrolléiert an den Alkoholtest war positiv, doropshi huet de Mann säi Fürerschäi missen ofginn.