Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Skoda Tour Luxembourg: 4.Etapp: Jensen wënnt Zäitfueren an ass neie Leader, Geniets beschte Lëtzebuerger

Den Dän ka sech virum Fransous Kévin Vaquelin zu Réimech duerchsetzen. De Kevin Geniets kënnt als beschte Lëtzebuerger op eng staark 6.Plaz.

E Freideg ass déi drëtt Etapp am Zäitfueren iwwer 26,1 km zu Réimech gefuer ginn.

Den 21 Joer alen Dän konnt sech mat dräi Sekonnen Avance op de Vaquelin an 13 Sekonnen op säi Landsmann Morten Hugaard d'Victoire op der Musel sécheren.

De Kevin Geniets hat e Retard vu 25 Sekonnen op de Skjelmose Jensen a koum op déi 6. Plaz. Am Generalklassement ass den Dän neie Leader. Hei ass de Geniets elo de 5. op 25 Sekonnen. Dem Profi vun Groupama-FDJ säin Equipier, de Valentin Madouas, dee bis elo éischten am General war, gouf um Freideg just den 10. op 39 Sekonnen a fält op déi 4. Plaz zeréck. Den Arthur Kuckers kënnt als zweetbeschte Lëtzebuerger op déi  18. Plaz mat engem Retard vun 59 Sekonnen.

Um Samschdeg ass déi 5. a leschten Etapp iwwer 178,4 Kilometer vun Miersch an d‘Stad.

D'Klassement vun der Etapp






6 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,



...







De General

...