Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

SNCI a GFG Grupp gi sech net eens: Keng positiv Nouvellen am Dossier Liberty Steel

D'Negociatiounen tëscht dem Lëtzebuerger Staat an dem Aktionär vum Site zu Diddeleng – dem GFG Grupp – stagnéieren.

Dat huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot den Deputéierten aus der zoustänneger Chamberkommissioun en Donneschdeg de Moie matgedeelt.
Dobäi wär de Staat jo prett, den Deal iwwer d'Societé nationale de Crédit et d'Investissement ze vereinfachen. D'SNCI géif Avoire kafen, fir se un e Repreneur weiderzeverkafen. Et gëtt ee sech awer iwwer de Präis net eens, esou de Franz Fayot.

D'Fabrick léich zanter Méint am Koma. De Wäert vum Site géif doduerch net klammen. Nawell hätt een dem GFG Grupp eng adequat Propose gemaach, ma déi wier refuséiert ginn. Eng Partie aner Investisseure wären um Produktiounssite interesséiert. Verschidden Negociatioune wäre schonn zimmlech wäit, esou de Franz Fayot.
Aktuell misst een deemno op eng Géigepropose vum Haaptaktionär vum Site waarden. De Wirtschaftsminister seet, et wär een a ganz enkem Kontakt mat de Gewerkschaften. Dowéinst hätt een hir Réckendeckung.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar nennt d'Situatioun um Site zu Diddeleng dramatesch. Déi wär awer och zeréckzeféieren op en depasséiert EU-Konkurrenzrecht. Ouni dat hätt Arcelor Mittal de Site iwwerhaapt kënnen halen. Dat wär besser gewiescht fir d'Personal a fir d'Land. Dofir koum en Donneschdeg vum vum Laurent Mosar den Appell un d'Regierung sech zu Bréissel staark ze maache fir e Changement vun deem Reegelwierk.