Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

SNHBM: Projet Rothweit II no 3 Joer esou gutt wéi fäerdeg

Zimmlech genau 3 Joer ass et hier, dass eng Waardeschlaang virun der SNHBM fir gréisser Opreegung gesuergt hat.

Deemools haten nämlech Leit sech déi ganz Nuecht laang virum Sëtz vum ëffentleche Bauträger installéiert, fir méiglechst vir bäi ze sinn, wann d'Wunnengen an engem Bauprojet an der Gemeng Hesper verdeelt ginn. Elo ass dee Projet esou gutt wéi fäerdeg.

Projet Rothweit II - Reportage Maxime Gillen

38 Appartementer a 14 Eefamilljenhaiser huet d'SNHBM zu Alzeng an der Gemeng Hesper gebaut. D'Appartementer goufen deemools zu ronn engem Drëttel vum Marchéspräis, dat heescht 3.300 Euro pro Quadratmeter, verkaaft. Virum Baucongé sinn déi éischt 17 Appartementer ganz fäerdeg ginn an d'Leit konnten eraplënneren.

Déi nächst 3 Residencë sollen elo am Hierscht finaliséiert ginn. Just bei den Eefamilljenhaiser dauert et nach e bëssen. Dat läit natierlech zum Deel un der Corona-Pandemie, ma och dorun, dass sech e puer Firmaen net un déi negociéiert Delaien halen, wéi den Direkter vun der SNHBM, Guy Entringer, erkläert: "D'SNHBM ënnerläit dem Soumissiounsgesetz a mir mussen dee bëllegsten huelen. D'Situatioun ass net evident. Et gi Betriber, déi hale sech exzellent un d'Delaien, mä et gi leider och e puer Betriber, déi hunn e puer Problemer mat den Delaien an dat mécht hei zu Alzeng de Schluss e bësse méi komplizéiert. Et muss een derbäi soen, et sinn iwwerall wéineg Leit an de Firmen, mä dat ass ee vun de Grënn, firwat et hei e bëssen zum Schluss haakt."

Dee ganze Projet "Rothweit II" war vun der Gemeng Hesper entaméiert ginn. Et sollt eng grouss Baulück vun 11 Hektar tëscht deem alen an deem méi neien Deel vun Alzeng zougemaach ginn. Dofir huet d'Gemeng fir d'éischt emol déi 40 Proprietäre vun deenen Terrainen iwwerzeegt, e gemeinsame Projet ze lancéieren, andeem all d'Terrainen zesummegeluecht an dann nei opgedeelt ginn. Dann huet d'Gemeng 10 Prozent vun all deenen Terraine selwer kaaft, fir dorobber abordabele Wunnraum, Commercen an eng nei Grondschoul ze schafen, wéi den Hesper Buergermeeschter Marc Lies erkläert: "Doduerch ass d'Gemeng zu 30 Prozent Proprietär vun där ganzer Baudicht ginn, wat dann dozou féiert, dass vun deene 400 Wunnengen, déi kënne gebaut ginn, oder déi am Bau sinn, respektiv eng Partie, déi och ofgeschloss sinn, dass d'Gemeng selwer mat Partner zesummen, wéi der SNHBM, awer och mat anere Partner kann eng ronn 100 Wunnengen ënnert erschwéngleche Konditioune bauen."

Derbäi kommen nach 16 Appartementer, déi der Gemeng gehéieren a sollen zu abordabele Präisser verlount ginn.

Ma grad bei den Eefamilljenhaiser mussen d'Proprietäre sech nach e puer Méint méi laang gedëllegen. Dës Retarde sinn zum Deel op d'Corona-Pandemie an de Manktem u Baumaterial zeréckzeféieren. Gläichzäiteg sinn eng Rei Haiser, déi vu private Promoteure gebaut goufen, e gutt Stéck méi fréi fäerdeg ginn. Den Hesper Buergermeeschter Marc Lies:"Et sinn och Corps de métiers, déi d'SNHBM do hänke gelooss hunn, wou et wierklech net viru gaangen ass. De Problem ass deen, dass och eng SNHBM iwwert Marchés publics fueren an dat huet ee Privaten net. An dat ass de grousse Virdeel bei engem Privaten, dee kann do d'Schrauf e bësse méi zou zéien, wéi en ëffentleche Promoteur respektiv eng Gemeng. Mir si forcéiert dozou, fir eis un d'Marchés publics ze halen an dat muss och d'SNHBM an duerfir mengen ech ass dat en Deel vum Problem, datt et do e bësse méi geschleeft huet wéi bei deene Privaten."

Effektiv mussen esou Aarbechten ëffentlech ausgeschriwwe ginn, esou dass verschidde Firmaen eng Offer kënnen erareechen. Um Enn muss allerdéngs déi Firma mat där bëllegster Offer den Optrag kréien, wéi den Direkter vun der SNHBM, Guy Entringer, erkläert: "Déi meescht Soumissioune ginn effektiv op de Präis. Wann een aner Critèren erabréngt, dat ass méiglech, mä dat bréngt ëmmer aner Diskussioune mat sech, esou dass de Gros vun de Soumissioune bei der SNHBM effektiv op de Präis sinn. Mä mir hunn awer aner Modeller am Test oder och schonn an der Ëmsetzung. Do kann ee verschidde Qualitéitscritèren erabréngen, mä da gëtt et op iergendengem Moment ëmmer subjektiv an dann ass et och fir eng Firma méi einfach, fir eis da vläicht unzesichen herno."

Fir eng Entreprise, déi sech net un d'Delaien hält, aus dem Projet eraus ze kréien, wier iwwerdeems guer net einfach, esou nach de Guy Entringer. Ausserdeem géif dat fir d'Clienten och immense Chaos bedeiten, wat een natierlech wéilt evitéieren.

Projet Rothweit II (Suivi) - Reportage Maxime Gillen

Bei der SNHBM ginn d'Wunnengen zanter där Episod 2019 och net méi nom Prinzip verdeelt, wie sech fir d'éischt mellt, kritt fir d'éischt. Et gouf en neie System ausgeschafft, bei deem en Delai festgeluecht gëtt, bis wéini d'Leit hiren Dossier kënnen erareechen an da gëtt no enger ganzer Rei Critèren eng Lëscht opgestallt, wie prioritär eng Wunneng vun der SNHBM ka kréien.