Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Solidaritéitspak 2.0" gëtt ënnerschriwwen: Éischt Detailer aus dem Tripartitesaccord leie vir

Ëm 13.30 Auer gëtt dat Dokument ënnerschriwwen, dat d'Auteuren an der Introduktioun als "historesch" beschreiwen. RTL läit eng Kopie vum Accord vir.

Den zweeten Tripartitesaccord fir dëst Joer gëtt vu Regierung, der UEL an den dräi Gewerkschafte LCGB, OGBL a CGFP e Mëttwoch signéiert.

Dem Premier Xavier Bettel seng Deklaratioun virun der Chamber kënnt Dir vu 16 Auer un op dëser Plaz am Livestream kucken.

D'Patronen e wéineg mat der Fauscht an der Täsch, d'Syndikater mam Gewëssen, fir d'Leit am Land geschafft ze hunn. Dat soll den Accord och erëmspigelen, wouvunner RTL eng Versioun virläit.

RTL

© RTL

Am Dokument ginn déi decidéiert Kompromëss-Mesuren aus der Tripartite op engen zéng Säite beschriwwen, déi nach a Gesetzesprojete gegoss ginn, fir dann zum Freideg vun der Regierung am Conseil ugeholl ze ginn.

Och um Mëttwoch de Moie gouf nach um geneeë Wording vum Dokument geschafft. All Wuert, all Verb an all Datum zielt a muss genee deem entspriechen, op wat sech zu Senneng wärend 30 Stonne laangen, zéie Verhandlunge gëeenegt gouf.

Den ekonomesche Kontext gëtt an dësen dräi Punkten am Accord festgehalen: d'Inflatioun ofbremsen, Stéit a Firmen duerch spezifesch Mesuren hëllefen an déi digital an energetesch Transitioun favoriséieren.

Dat gëtt dann an dräi spezifesche Kapitelen deklinéiert, woubäi direkt fir d'Stéit ernimmt gëtt, datt den Indexsystem nees wäert voll a ganz spillen. Ee Punkt awer, deen d'Patronat nach wollt preziséiert gesinn: ganz um Enn vum Accord steet effektiv fett gedréckt, datt, wann déi drëtt Tranche géif erfalen, och nees d'Tripartite beienee kënnt. Deen Ament géing sech d'Regierung engagéieren, fir de Betriber Kompensatiounen ze bezuelen.

Eng weider Tripartitesronn géif och beienee kommen, wa sech déi ekonomesch Situatioun "signifikativ" d'nächst Joer géif verschlechteren - wat natierlech en Adjektiv wéi Knätschgummi ass an domat fräi interpretéierbar bleift.

Weider da preziséiert den Accord, datt de Präisdeckel vu 15 Prozent um Gas vum 1. Oktober u bis Dezember d'nächst Joer gëllt an um Präis vu September gerechent gëtt.

Déi staatlech Contributioun gëtt op Basis vun enger ponderéierter Moyenne vun den applizéierte Gas-Präisser gerechent an applizéiert sech op all Clienten, déi Compteuren hunn mat engem maximale Gas-Flux, dee manner wéi 65 Meterkibb d'Stonn ausmécht.

Déi aner wichteg Energiespuermesure ass natierlech d'Afréiere vum Stroumpräis vu Januar d'nächst Joer un. Dat gëllt fir Clienten, déi eng Joresconsommatioun vu manner wéi 25.000 Kilowattstonnen hunn, sou ass et am Accord fixéiert.

Déi aner Mesurë si bekannt: d'Zoulag vu 15 Cent um Liter Mazout vun November un, en temporäert Erofsetze vun den dräi TVA-Tauxen, d'Energieprimm, déi staatlech Participatioun un den Energie-Fraise vun Altersheemer an d'Eropsetze vum Mindestloun op den 1. Januar.

Fir d'Entreprisen da sinn an der Haaptsaach Aiden virgesinn, fir d'exorbitant héich Energiepräisser ofzefiederen.

Keng vun de Mesuren ass am Accord chiffréiert - dat muss natierlech an den entspriechende Gesetzesprojeten op der Fiche Financière nogeholl ginn.

Fir datt also den Accord, deen e Mëttwoch de Mëtteg signéiert gëtt, kann a Musek ëmgesat ginn, ass et un der Chamber, déi entspriechend Texter ze stëmmen. Dës parlamentaresch Aarbecht läit bei der Spezialkommissioun "Tripartite".