Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Spacety Luxembourg SA dementéiert : Keng Bezéiungen zu Russland oder Söldner-Gruppen

Déi chineesesch Firma, mat Sëtz am Grand-Duché, kritt jo vun den USA virgehäit, Satellittebiller fir de Söldner-Grupp Wagner accesibel gemaach ze hunn.

A engem Communiqé schreift Spacety Luxembourg S.A. e Méindeg, dass een sech am Kader vun hirer Aarbecht strikt un d'Gesetzer a Virschrëfte vun den entspriechende Länner gehalen hätt. Dobäi kënnt, dass een zënter de russesche Sanktiounen säitens den USA an der EU iwwerhaapt keng Bezéiungen zu Russland hätt.

Dobäi kéim, dass all d'Produiten a Servicer, déi Spacety Luxembourg S.A géif ubidden, exklusiv fir zivil a kommerziell Zwecker benotzt géife ginn, net vir militärescher. Et hätt een ni Geschäftsbezéiunge mam Söldner-Grupp Wagner gehat oder Accorden ënnerzeechent an et hätt een och soss all Kontakter mat anere russeschen Unitéiten nom Ufank vum Krich an der Ukrain ofgebrach.

Et géif een elo aktiv mat alle Parteien, wéi Politik, Medien an aneren Organisatioune kommunizéieren a probéieren eng transparent, fair a gerecht Behandlung an dësem Fall ze garantéieren a Meenungsdifferenzen an och Mëssverständnesser aus dem Wee ze schafen.
Déi chineesesch Space-Firma, déi sech 2019 mat engem Büro zu Lëtzebuerg etabléiert huet, steet zënter dem 27. Januar op der US-Sanktiounslëscht wéinst der russescher Invasioun. D'Firma soll der russescher Söldner-Grupp Wagner, déi an der Ukrain fir Russland aktiv ass, Satellittebiller zur Verfügung gestallt hunn, esou d'Virwërf säitens den USA.