Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Spiller vun de klenge Länner - 1. Dag: Gelongenen Optakt am Basket, Squash-Spillerin an der Halleffinall

Spiller vun de klenge Länner - 1. Dag

E Méindeg war den Optakt vun de Kompetitioune bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta.

Mat Squash, Tennis a Basket stoung e Méindeg awer nach méi e rouegen Dag um Programm, dat och well fir owes um 20 Auer nach d'Erëffnungszeremonie ugesat gouf. Hei goufen d'Nadia Mossong an den Eric Glod designéiert, fir de Lëtzebuerger Fändel ze droen. Dat hat de Chef de mission, den Alwin de Prins, moies op enger Pressekonferenz annoncéiert.

Hei gouf och gesot, datt d'Arrivée vun der Lëtzebuerger Delegatioun en Challenge war, well den Hotel nach net ganz fäerdeg war. Déi Verantwortlech vum Hotel hätten dëst awer gutt geréiert kritt an d'Sportler wieren zefridden. Just d'Situatioun mat de Kummere wier méi speziell, esou nach de fréiere Schwëmmer, deen och dem ganze COSL fir d'Aarbecht Merci gesot huet. Et wier deels och mam Transport eng schwiereg Situatioun, mee et hätt een alles ënner Kontroll, huet den Alwin de Prins verséchert.

RTL

Op sportlechem Plang goufen haut wuel nach keng Medaile verdeelt, ma d'Lëtzebuerger Delegatioun ka sech awer iwwer e puer gutt Resultater freeën. Am Squash bei den Dammen huet d'Sandra Denis de Sprong an d'Halleffinalle gepackt.

D'Koppel Calzi/Knapp huet am Tennis den éischten Tour am Dubbel géint en Duo aus Liiechtenstein gewonnen.

Am Basket koum et e Méindeg bei den Damme wéi och bei den Hären zum Duell Lëtzebuerg-Zypern. D'Rout Léiwinne konnten hire Match um Enn no enger gudder zweeter Hallschent mat 78:70 gewannen a kruten dann och an der Suite vum Grand-Duc fir hir Prestatioun gratuléiert. D'Hären hirersäits hunn hire Match géint Zypern och gewonnen, dat mat 78:62.

RTL