Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Statec: Tripartitemesuren hunn e positiven Impakt op d'Ekonomie

A sengem neiste Konjunktur-Bulletin huet de Statec den Impakt vun den Tripartitemesuren op d'Lëtzebuerger Ekonomie analyséiert.

Insgesamt gi fir dës Mesuren, déi an zwou Tripartitesronne geholl goufen, dëst an d'nächst Joer 1,7 Milliarden Euro budgetiséiert.

Dës Mesuren hätten e positiven Impakt op d'Lëtzebuerger Ekonomie. Virop op de PIB, deen dëst Joer ëm 2 Prozent an d'nächst Joer ëm 4 Prozent klamme soll.

Deen déckste Chiffer vun den Tripartitesmesurë mécht de Steierkredit aus, deen d'Energiekäschten ofbremst a mat 495 Milliounen Euro chiffréiert gëtt. De Gaspräis-Plaffong kascht iwwerdeems 470 Milliounen Euro.

Wéinst dem Cumul vun deene verschiddene Mesurë klëmmt d'Kafkraaft vun de Stéit d'nächst Joer ëm 1,5 Prozent.

En décken Impakt op d'Präisdeierecht hunn d'Liewensmëttelpräisser, déi iwwer d'Joer gekuckt ëm een Zéngtel eropgaange sinn. Am deierste goufen d'Fleesch, d'Brout, d'Mëllechproduiten, d'Eeër a an d'Geméis.

Weiderhi konstatéiert de Statec, datt d'Zënse fir d'Prête klammen: Am September ewell sinn d'Tauxen fir privat Stéit op ee Joer gerechent vun 2,6 op 3,1 Prozent eropgaangen. D'fix Tauxen, déi een op 10 Joer fir en Immobilie-Prêt bezuele muss, sinn an der Moyenne ëm 3 Prozent geklommen.

Interessant ass och, datt d'Zuel vun de Autoen, déi nei ugemellt goufen, bis ewell ëm bal 7% zeréckgaangen ass. Iwwerdeems stagnéiert d'Vente vun den Elektro-Autoen aktuell. Am Oktober ware just 3% vun alle Gefierer am Land réng Elektro-Ween.