
© Domingos Oliveira
En Donneschdeg de Mëtteg koum et op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz virun der Hesper Bréck zu engem Accident mat 4 Autoen.
Dat huet natierlech fir en zolitte Stau gesuergt. Och a Géigerichtung koum et zu Zéifloss, wéinst dem Virwëtz.
Op der Plaz war ënnert anerem och de Samu. Weider Informatiounen iwwert eventuell Blesséierter ginn et aktuell nach keng.

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira