© RTL
Fir Stroum ze spueren, kënnen d'Gemengen op de Wee goen, fir d'Stroosseluuchten tëscht eng Auer an der Nuecht a fënnef Auer moies auszemaachen.
Allerdéngs ënnert der Konditioun, datt et technesch ze maachen ass. D'Decisioun läit hei bei der Gemeng.
Wann de Schäffen- a Gemengerot wëll d'Luuchten op de Gemengestroossen ausmaachen, zéie Ponts et Chaussées no, sou de Claude Turmes en Donneschdeg. Dem Energieministère no kéinte ronn 30% Elektresch d'Joer gespuert ginn, wann d'Luuchte 4 Stonnen an der Nuecht - da wann déi mannste Leit ënnerwee sinn - ausbleiwen.
Den Energieministère huet sech zesumme mat de Gemengen, Ponts et Chaussées a Creos op dee Prinzip gëeenegt.