Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

T71 - Gréngewald: FLBB-Verbandsgeriicht koum e Freideg beieneen

An der Affär am Dammebasket tëscht dem T71 Diddeleng an dem Gréngewald huet sech d’Verbandsgeriicht vun der FLBB effektiv um Freideg zesummen gedoen.

RTL-Informatiounen no soll allerdéngs eréischt ugangs nächster Woch mat engem Urteel ze rechne sinn. Dat Ganzt geet jo op d'Halleffinall an der Coupe des Dames zeréck, an där Diddeleng wärend dem Match 2 Punkten ze vill notéiert krut, sou dass d'Partie quasi wärend ronn 37 Minutten mat engem falsche Score gespillt gouf.

No der Partie hat den T71 d'Punkten dunn nees ofgeholl krut, sou dass de Gréngewald de Match mat 78-77, also op 1 Punkt, verluer hat.  D'Federatioun hat doropshin an enger éischter Phas virum Verbandsgeriicht proposéiert, de Match frësch ze spillen. No 2 Deeg Reflexioun huet de Gréngewald um Freideg an engem Communiqué matgedeelt déi Propos net unzehuelen. Lo ass et deemno an éischter Instanz um Verbandsgeriicht vun der FLBB ze tranchéieren.