Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tëscheruff vum Jeff Kettenmeyer: Basket: De "Phantomkuerf" gehäit d'Coupe op d'Kopp

De Final 4 vun der Coupe am nationale Basket ass ee vun den Héichpunkte vun der Saison.

De leschte Weekend waren déi zwee Dammematcher extrem spannend an och bei den Hären war op d'mannst eng Halleffinalle ganz enk.

U sech ee gelonge Weekend, deen awer duerch den Eclat beim Match T71 géint Gréngewald ee fade Bäigeschmaach huet, een Tëscheruff vum Jeff Kettenmeyer.

Den Tëscheruff vum Jeff Kettenmeyer

Normalerweis ginn et an engem Final 4 souwuel Gewënner wéi Verléierer.

An dësem Fall gëtt et awer eng kloer Dominanz fir dat Zweet.

De Coupe-Weekend sollt ee Fest fir de Basket ginn, d‘Resultat ass awer éischter ee Fiasko.

Do, wou Mënschen involvéiert sinn, ginn et och mënschlech Feeler, dat ass dat Normaalst vun der Welt. Datt och Technik net ëmmer esou matspillt wéi een dat wël,l kennen ech selwer och alt ze gutt.

An dësem Fall ass et awer immens bedauerlech, datt et an den 37 Minutten, déi nach ze spille waren, net gegléckt ass, fir dës Feeler ze behiewen.

Diddeleng krut beim Stand vun 2-2 an den éischte Minutten 2 Punkte bäi, déi ni gefall sinn.

Enger gudder Partie Leit, dorënner Responsabeler vun der FLBB, dem Gréngewald an och vun der Press, ass dëst relativ séier opgefall.

Um offiziellen Dësch ass een awer beim Score bliwwen, obwuel dëse fir de Rescht vum Match net méi mam Live-Score, deen online ze fannen ass, iwwertenee gestëmmt huet.

Vum Gefill hier hätte menger Meenung no spéitstens an der Paus béid Equippe misste wëssen, wat Saach ass, Videobeweis hin oder hier.

Wéi et elo virugeet, bleift ofzewaarden. E Mëttwoch den Owend kënnt d‘Verbandsgeriicht beieneen, fir iwwert de Recours vum T71 iwwert d‘Validatioun vum Resultat ze tranchéieren.

Réng sportlech gesinn an och als Zeeche vu Fair Play no bausse géif ee sech bal wënschen, datt mat deem ganzen Hin an Hier de Match misst widderholl ginn.

De Gréngewald war konstant der Meenung, datt de Géigner 2 Punkten méi hätt an huet an de Schluss-Minutten och deementspriechend Decisioune geholl. Idem fir den T71 just mam Ënnerscheed, datt si gemengt hunn, méi Avance ze hunn, wéi se eigentlech haten.

Diddeleng gëtt am Endeffekt fir eppes gestrooft, wou kee vun hinnen dofir kann an de Feeler bei deenen Offiziellen um Dësch a bei den Arbittere louch.

Fir ee Rematch ass awer relativ vill Fangerspëtzegefill gefuerdert.

Wann een et nämlech just op d‘Reegele bezitt, ass, dat wat geschitt ass, laut FIBA-Katalog net falsch.

Den Artikel 48.3 beseet, datt soulaang ee Spillbou net vum éischten Arbitter ënnerschriwwen ass an et ee Feeler am Score gëtt, een d‘Resultat dierf änneren, och wann domat de Gewënner wiesselt.

Fir d‘Coupe-Finallen den 18. Mäerz an der Arena vun der Coque bleift ze hoffen, datt een duerno dat Sportlecht an déi Aarbecht, déi dohannert stécht, kann zeréck behalen.

Dem Basket géif et op alle Fall gutt doen.