Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Uefa Nations League: Am Match géint d'Tierkei sinn d'Rout Léiwen net ouni Chancen

Lëtzebuerg spillt en Donneschdeg zu Istanbul um 20.45 Auer de fënnefte Match am Kader vun der Grupp 1 aus der Liga C vun der Nations League.

Nations League Tierkei-Lëtzebuerg / Reportage Serge Olmo

Et wunnen an der Stad Istanbul a ronderëm bal 16 Milliounen Awunner a ganz vill Leit si Supporter vun der tierkescher Nationalekipp, déi doriwwer eraus den Ament e gudde Laf huet. De Fatih Terim Stadion wäert mat ronn 17.500 Spectateuren ausverkaaft sinn. De Kader vum Favorit ass iwwerdeems net komplett. Do feelt zum Beispill de ganz wichtegen Hakan Calhanoglu, dee blesséiert ass.

Bei der FLF-Selektioun feele mat Olivier Thill, Christopher Martins, Mathias Olesen, Dirk Carlson a Chris Philipps vill a ganz wichteg Spiller mat individueller Klass. De Fait, datt wichteg Spiller bei de Roude Léiwe feelen, bréngt den Nationaltrainer Luc Holtz net aus dem Konzept. Hie wëll och déi hëtzeg Ambiance net iwwerbewäerten:

"Dat ass niewesächlech. Méi wichteg ass, wat um Terrain geschitt. Do sinn doudsécher 11 Tierken, déi wäerte motivéiert sinn. Et ass gewosst, datt mir deen een oder anere Spiller net dobäi hunn. Ech hunn awer schonn den Appell un d'Spiller gemaach. Mir mussen dat kompenséieren iwwer méi Kollektivitéit, méi Lafbereedschaft, e bësse méi Intensitéit an allem wou mir maachen an och duerch Aggressivitéit. Ech hoffen, datt hei eng oder déi aner Situatioun zu eise Gonschte spillt, esou datt mir kënnen den Tierken, déi nach kee Gol geschoss kruten, e Gol schéissen."

Fir den 19 Joer jonke Golkipp vum Progrès Eldin Latik ass d'Rees op Istanbul nach méi eng besonnesch Aventure, wéi fir déi aner international Spiller, well hien nach ni an d'A-Ekipp nominéiert gouf an et sech vläicht net esou séier erwaart hat. Am Ufank vun der Saison war hien d'Nummer 2 zu Nidderkuer an elo ass hie bei de Roude Léiwen. Hie kennt op jiddefalls seng Stäerkten:

"D'1-géint-1-Spill, d'Fousspill an d'Corneren. Ech sinn e bëssen iwwerrascht, datt et esou schnell geet. Ech war och nach ni an esou engem Stadion a freeë mech total."

Et ass zimmlech kloer, datt de Latik en Donneschdeg net spille wäert, mä hien ass prett a wäert sécher villes bei deem Deplacement léieren.

De Match Tierkei-Lëtzebuerg ass en Donneschdeg den Owend um 20.45 Auer a gëtt live um Radio, op der Tëlee, op RTL.lu an um RTL Play iwwerdroen.