Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Um Findel: Defense presentéiert Militär-Loft-Flott a vill Leit hate sech ugemellt

Am Kader vun de Luxembourg Defence Open Air Days presentéiert d'Lëtzebuerger Defense iwwert de ganze Weekend en Deel vun hirer Loft-Flott.

An de leschte Joren huet d'Militär hir Capacitéite virun allem an de Beräicher Lofttransport, ma och der Iwwerwaachung aus der Loft ausgebaut. Eng 4.000 Visiteure hu sech fir dëse Weekend um Findel ugemellt.

Trotz dem schlechte Wierder hunn déi meescht et sech net huele gelooss, sech d'Lëtzebuerger Flott mol ganz am Detail unzekucken. E Groussdeel dovun ass, aus operationelle Grënn, am Ausland stationéiert. Steve Thull, Chef d'Etat Major: "Eis Fligere sinn zimmlech an der ganzer Welt ënnerwee. Den A400M ass am Alldag zu Melsbroek bei Bréissel stationéiert. D'MRTT Fligere stinn am Prinzip zu Eindhoven oder Köln, fléien awer Operatioune ronderëm déi ganz Welt."

Den A400M ass den éischte Lëtzebuerger Militärfliger zanter 1968. En technologescht Monster mat u Bord eleng 20 Tonnen un techneschem Material. Den Transportfliger ka bis zu 9 Palette Material, respektiv 3 Helikopter transportéieren.

Den A330, en Nato-Airbus aus dem sougenannten MRTT Programm, kann als Persounen- a Cargo-Fliger an den Asaz kommen, respektiv innerhalb vu 24 Stonnen zu engem Spidol ëmfonctionéiert ginn.

Ma zur Flott gehéieren ënner anerem och kontraktéiert Fligeren, ewéi de BE350 ISR, deen de Waffenembargo géint Libyen kontrolléiert.

George Campill, Lieutenant-Colonel - Ministère de la Defense: "De Fliger ass a Sizilien baséiert. E flitt virun d'libesch Küsten a sicht mat den Equipementer, déi en huet, no verschiddene Schëffer. Wa suspekt Schëffer an de Gewässer detektéiert ginn, flitt de Fliger méi no erun a kuckt mat der Kamera fir d'Schëffer ze identifizéieren a gëtt déi Informatioune weider un d'Operatioun um Waasser.“

Historesch gesinn huet Lëtzebuerg éischter eng Land-Arméi. Fir dem internationalen Effort an der Defense méi gerecht ze ginn, gouf iwwert déi lescht Joren decidéiert ze diversifizéieren.

Steve Thull: "Fligerei kascht méi ewéi Buedemtruppen. Mee et gëllt dat Geld esou auszeginn, datt dat Sënn gëtt. Dat war Sënn an Zweck. Dofir hu mer déi leschte Joren ëmmer a Kollaboratioun mat anere Länner geschafft a multilateral Kooperatiounen op d'Bee gesat, fir datt esou vill Länner ewéi méiglech kënne vum Material profitéieren."

De Steve Thull, Chef d'Etat Major

Bis 2028 viséiert Lëtzebuerg, op Obligatioun vun der Nato, ee Prozent vum nationale PIB an d'Defense ze investéieren. Kuerzfristeg wier eng weider Investitioun an d'Loft-Flott awer net geplangt.