Meteolux huet fir tëscht Freideg 14 Auer an e Samschdeg 9 Auer eng Alerte jaune erausginn, well mat Wandvitesse vu bis zu 75 km/h ze rechnen ass.
D'Meldung gëllt fir dat ganzt Land. Deemno heescht et am Stroosseverkéier oppassen, well sou ee Wandstouss ka gär och emol e Camion a sengem Fuerverhale beanträchtegen.
![RTL](https://stock.rtl.lu/rtl/800/rtl2008.lu/nt/p/2023/03/31/14/59c766e4562244ef7a0137f651240b39.jpeg)
Vu Kachelmannwetter ass et och d'Meldung, dass am Nomëtteg eenzel Donnerwieder méiglech sinn, dat bei Temperaturen tëscht 9 an 12 Grad. Wärend de Wiedere sinn och Wandspëtzte bis 90 Stonnekilometer méiglech.