Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

UN-Versammlung zu New York: Gauthier Destenay ass selwer fir Onkäschten opkomm

Et ass "net onüblech", datt d'Partner vu Staats- a Regierungscheffe mat op d'Generalversammlung vun der UNO matreesen.

Dat huet ons de Staatsministère op Nofro hi matgedeelt. Dem Premier Xavier Bettel säi Mann, de Gauthier Destenay war d’lescht Woch zesumme mat der Lëtzebuerger Missioun bei der UNO am Plenarsall zu New York, wéi de Xavier Bettel seng Ried gehalen huet.

De Gauthier Destenay war matgereest, well hien och am Zesummenhang mam «spouse programm» vun der UNO Generalversammlung, u Reuniounen mat anere Partner vu Staats- a Regierungscheffen deelgeholl, dorënner zum Beispill d’Fra vum ukrainesche President, d’Olena Zelenska.

De Staatsministère ënnersträicht donieft, datt de Gauthier Destenay selwer fir seng Fluchticketen opkomm ass an dem Staat wiere wéinst sengem Openthalt zu New York "keng weider Käschten erfall".