Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Uni Lëtzebuerg: Véier nei spezialiséiert Bachelore fir den Infirmiersberuff

En Dënschdeg goufen um Belval déi véier nei Bachelore presentéiert, déi d'Uni.lu vum Hierscht un ubitt.

2010 war 1 vun 3 Infirmieren Frontalier. 2019 koume schonn zwee vun 3 vun hannert der Grenz. Mëtt 2030 da wäert - lues a lues - ronn d'Hallschent vum aktuelle Personal an d'Pensioun goen. Nei Erausfuerderungen, en neien Diplom mat der Méiglechkeet, an der Beruffs-Leeder ze klammen, sollen ulackelen an d'Qualitéit vun der Fleeg weider verbesseren.

No an no solle 7 nei Bachelor-Studiegäng am Gesondheetsberäich op der Uni.lu ugebuede ginn. Vum Hierscht u bitt d'Uni Lëtzebuerg véier nei spezialiséiert Bachelore fir den Infirmiersberuff un. Dës goufen en Dënschdeg um Belval presentéiert. En Optrag, deen d'Uni vun der Regierung krut, fir de Besoinen am Gesondheetssecteur gerecht ze ginn. Ma wie ka sech dann elo vum September un a wat genee spezialiséieren?

Anästhesie a Reanimatioun, Pediatrie, Psychiatrie an technesch Assistenz an der Chirurgie - esou heeschen déi 4 Spezialisatiounen, déi vum Hierscht dëst Joer un ugebuede ginn. D'Marie Friedel ass eng vun den zwou Direkteschen vun den neie Bacheloren a sträicht ervir, wat déi nei Offere sou besonnesch maachen: "Mir hunn d'Méiglechkeet en individualiséierten Enseignement unzebidden a klenge Gruppen an dat ass eng immens Chance. Dat ganzt op pedagogesche Methoden, déi innovativ wäerte sinn, interaktiv a reflexiv. Et gi Simulatiouns-Seancen, déi jidder Student et erméiglechen an engem sécheren Ëmfeld ze üben, ier een dann am Stage technesch Akten u Persoune mécht."

Zentral wier fir d'Uni Lëtzebuerg an alle Beräicher den Enseignement an d'Recherche mateneen ze verbannen, huet de Rekter Jens Kreisel betount:

"D'Qualitéit vun de Leit wäert d'Differenz maachen an d'Qualitéit vun deenen, déi sech ëm d'Bachelore këmmeren. Ech sinn dofir extrem frou, datt mer Experten am Enseignement an an der Recherche fonnt hunn."

Vum Hierscht 2024 u kommen dann nach 3 Spezialisatiounen dobäi: an den allgemenge Soinen, fir Hiewanen an an der Radiologie. Fir all déi nei Bachelore muss een eng Partie Krittären erfëllen. D'Marie Friedel:

"Et muss een e BTS hunn als Infirmier oder en unerkannten Diplom an den allgemenge Soinen. Et brauch een d'Autorisatioun, fir hei zu Lëtzebuerg kënnen als Infirmier ze schaffen, e Sproochen-Zertifikat am Niveau B2 am Franséischen an Däitschen hunn an e Lëtzebuerger Ofschlossdiplom am Secondaire oder unerkannten equivalenten Ofschloss."

D'Studiegäng si fir Leit mat engem Ofschloss an der Fleeg reservéiert a sinn op 15 Persounen d'Joer pro Bachelor limitéiert.

E puer méi Leit studéieren aktuell Medezin um Belval. Dëst Joer schléissen déi éischt Studenten hire Bachelor of. Aktuell sinn 130 Studenten am éischte Joer, d'Zuel am zweete gouf op 32 eropgesat, 13 Studente sinn am drëtten Joer. E Bachelor awer geet net duer. Do ass ee sech bei Studenten eens.

D'Uni Lëtzebuerg wier drun intresséiert an den nächste Joren e Master an der Medezin unzebidden. Dëst bléift awer eng Decisioun vun der Regierung. No 2 Generatioune u fäerdege Bachelor-Studente soll eng Evaluatioun gemaach ginn an iwwert d'Zukunft vum Medezin-Departement bestëmmt ginn.