Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

US-Bundesstaat Florida: 44 Doudeger duerch den Hurrikan Ian

D'Zuel vun den Doudesaffer nom Hurrikan Ian am US-Bundesstaat Florida ass den Autoritéiten no vu 25 op 44 geklommen.

Dat ganzt Ausmooss vum Hurrikan Ian ass weider net ofzegesinn a Florida. E Mëttwoch gëtt de President Biden erwaart, fir sech selwer e Bild vun der Katastrophe ze maachen.

D'Zuel vun den Doudegen ass antëscht offiziell op 44 geklommen. E Samschdeg den Owend haten 900.000 Stéit a Florida nach ëmmer kee Stroum, an North Carolina a Virgina waren et der 45.000.

Den "Ian" war e Mëttwoch als Hurrikan vun der zweethéchster Kategorie 4 op d'Südwestküst vu Florida getraff an hat do fir schwéier Zerstéierunge gesuergt. E Freideg am Nomëtteg hat de Stuerm mat Wandvitesse vun 140 Kilometer an der Stonn den US-Bundesstaat South Carolina erreecht, huet sech dunn awer weider ofgeschwächt, bis e sech e Samschdeg den Owend iwwer Virgina opgeléist huet. Ausleefer hu bis op New York nach Reen mat sech bruecht.