Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

US Open: Éischte Grand Slam Titel fir d'Coco Gauff

E Samschdeg den Owend stounge sech an der Finall vun den Damme bei de US Open d'Coco Gauff an d'Aryna Sabalenka géigeniwwer.

Fir déi eréischt 19 Joer al US-Amerikanerin sollt et virum heemesche Public de bis ewell gréisste Succès vun hirer Karriär ginn. An engem wiesselhafte Match setzt si sech virun den 23.000 Secateuren am Arthur Ashe Stadium an 3 Sätz mat 2:6, 6:3 a 6:2 géint hir Konkurrentin aus Belarus duerch a séchert sech domadder den éischten Titel bei engem Grand Slam an hirer Karriär.

No hirer Victoire an der Final klëmmt d'Gauff an der Weltranglëscht op déi 3. Plaz. Iwwerdeems huet d'Sabalenka trotz hirer Néierlag genuch Punkte gesammelt, fir d'Polin Iga Swiatek als nei Nummer 1 ofzeléisen.