Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Verbesserungsvirschléi: COSL publizéiert Reflexiounspabeier en vue vun de Chamberwalen

En vue vun de Chamberwalen am Oktober huet den nationalen olympesche Comité e Méindeg de Moien e Reflexiounspabeier publizéiert.

Dësen als Denkustouss fir d'Parteien. De Rôle an den Impakt vum Sport an der Gesellschaft misst hautdesdaags wuel jidderengem bewosst sinn, mä trotzdeem proposéiert de COSL op enger Dose Säite verschidde Verbesserungsméiglechkeeten.

Niewent 9 strateegeschen Achsen, op deene souwuel am Enseignement, der Aarbecht oder och am Privaten an an der Fräizäit misst geschafft ginn, gi 16 konkret Mesuren am Reflexiounspabeier opgelëscht.

Beispillsweis d'Schafe vun enger Filière fir Sportwëssenschaften a Sportmedezin op der Uni Lëtzebuerg, e méi optimiséiert Notze vun de Sportinfrastrukturen, en nationaalt Konzept fir d'Unerkennen an d'Ënnerstëtze vum Benevolat oder och e legale Kader, fir de Sport op der Aarbecht méi ze promouvéieren.