Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Verkéier tëscht Waarken a Feelen: Klenge Feeler, grouss Opreegung

D'Noriicht, datt den CR 350 just nach fir Vëloen disponibel soll sinn, huet rezent op Facebook fir Opreegung gesuergt. Ma am Fong gouf et guer kee Grond.

"Bravo un d'Stadt Ettelbréck. De Wee tëschent Waarken a Feelen 'Deelchen' schéngt neierdéngs Richtung Feelen verbueden sinn mam Auto ze fueren. Déi Ettelbrécker Politiker sollen dann awer och Konsequent sinn an den Wee Waarken Ierpeldeng respektiv Goldknapp evitéieren an an hirem eegenen Verkéierschaos erstécken." Dat huet virun e puer Deeg eng Persoun op Facebook geschriwwen, nodeems se entdeckt hat, datt am Ufank vum CR350 vu Waarken erfort Richtung Nidderfeelen ee Schëld steet, dat een allgemengt Fuerverbuet annoncéiert, vun deem just Vëloen ausgeholl sinn. De Facebook-User beleet dëst mat enger Foto, dernieft gesäit eng zweet Foto vun engem Schëld, dat och ee Fuerverbuet annoncéiert, allerdéngs just am Fall vu Schnéi oder Glatäis. Dëst Schëld befënnt sech zwar op där selwechter Streck, dës Kéier awer vun Nidderfeelen a Richtung Waarken.  Huet also d'Gemeng Ettelbréck eesäiteg d'Autoe vum CR 350 verbannt, wéi am Facebook-Post vermutt gëtt? D'Resonanz um sozialen Netzwierk war op alle Fall grouss. Dat erkläert sech doduerch, datt d'Strooss ee ganz beléifte Schläichwee ass, deen all Dag vun dausende Leit op hirem Wee op d'Schaff genotzt gëtt.

Dobäi war de Stee vum Ustouss een éischter klenge Feeler. D'Schëld gouf am Kader vum Vëlosummer opgestallt, sou wäit sou gutt. Well nom Enn vun der Aktioun op engem Deel vun der Strooss, méi no u Feelen, geschafft gouf a se dowéinst fir den Autostrafic gespaart war, huet een d'Schëld stoe gelooss. Wéi d'Aarbechte bis fäerdeg waren, gouf allerdéngs vergiess, d'Schëld rëm ewechzehuelen respektiv et duerchzesträichen. Dat erkläert den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf op Nofro hin. Ma mëttlerweil huet een de Feeler souzesoen duebel behuewen, d'Schëld gouf souwuel op d'Säit gedréint wéi och nach duerchgestrach. Et hätt een et net ewechgeholl, well deen nächste Vëlosummer jo scho quasi rëm virun der Dier stoe géing.

Gemeng soll éischten Uspriechpartner sinn

De Jean-Paul Schaaf gëtt zou, datt et sech ëm ee Feeler vun der Gemeng Ettelbréck gehandelt huet. Hie weist sech awer gläichzäiteg och e bëssi enttäuscht doriwwer, datt d'Leit, wa se Saachen, déi se stéieren oder vun deene se mengen, datt se onberechtegt en place gesat goufen, bemierken, fir d'éischt eppes op Facebook posten amplaz op der Gemeng unzeruffen. Duerch Posts an de soziale Medien an den doraus entstoenden Diskussiounen géinge sech d'Gemengenaarbechter, déi mat vill Engagement am Asaz wieren, deels ugegraff fillen. De Gemengepapp mengt zudeem, datt ee sech hätt kënnen denken, datt Ettelbréck net einfach ee Fuerverbuet fir eng Strooss ausschwätzt, wärend d'Gemeng Feelen dat net och an déi aner Richtung mécht. Et géing ee sech bei esou Saachen ëmmer mat den Noperen ofschwätzen.

Bleift ofzewaarden, ob d'Diskussioun ronderëm d'Streck tëscht Nidderfeelen a Waarken derzou féiere wäert, datt sech d'Leit an änleche Fäll zukünfteg mat hiren Doleancen fir d'éischt un d'Gemeng wenden, oder ob d'sozial Netzwierker weider d'Ulafstell Nummer eent bleiwen.

E bëssi skurril schéngt iwwerdeems, datt d'Beschëlderung fir de Vëlosummer elo fir Irritatioune bei den Automobiliste gesuergt huet, wärend se de leschten August wuel net jidderengem opgefall war. Et waren dem Jean-Paul Schaaf no nämlech méi wéi eng Kéier Autoen onerlaabterweis op der Streck ënnerwee, wat nawell zu schroen Accidenter hätt kënne féieren.