Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vuelta: 13. Etapp: Muechtdemonstratioun vu Jumbo-Visma: Vingegaard wënnt viru Kuss a Roglic

Op der 13. Etapp vun der Vuelta goung et e Freideg iwwer 134,7 ganz schwéier Kilometer vu Formigal. Huesca la Magia op de Col du Tourmalet.

Et war eng Etapp, op där mam Col d'Aubisque, dem Col de Spandeles an dem Col du Tourmalet dräi ganz schwéier Bierger um Programm stoungen, déi och dacks am Tour de France gefuer ginn. An ee vun de grousse Favoritten hat e Freideg e richteg schwaarzen Dag erwëscht. De Gewënner aus dem leschte Joer, de Remco Evenepoel, huet fréi misse lassloossen an huet ganz vill Zäit verluer.

Jumbo-Visma huet e Freideg komplett dominéiert. Den Tour-de-France-Gewënner Jonas Vingegaard wënnt d'Etapp en solitaire 30 Sekonne viru sengem Teamkomerod Sepp Kuss an 33 Sekonne viru sengem aner Teamkomerod Primoz Roglic.

Dës dräi leien dann och elo am General op den éischten 3 Plazen. De Sepp Kuss bleift de Leader an huet eng Avance vun 1 Minutt a 37 Sekonnen op de Primoz Roglic. De Jonas Vingegaard ass mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 44 Sekonnen den Drëtten.
D'Top 10 vun der Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma



5 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe ,,




D'Generalklassement no der 13. Etapp

1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 20