Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Weider Stierm gemellt: Op d'mannst 25 Doudeger no Tornado am US-Bundesstaat Mississippi

Am Süde vun den USA huet en Tornado e Freideg den Owend fir massiv Zerstéierung gesuergt.

Wéi lokal Autoritéite mellen, sinn op d'mannst 25 Mënschen ëm d'Liewe komm, Dosende goufe verwonnt. Dee vun heftegem Reen an Donnerwiedere begleeten Tornado hat e Freideg grousse Chaos an Zerstéierung an direkt e puer Uertschaften hannerlooss.

Den US-President Joe Biden huet e Sonndeg ordonéiert, dass Moyene fir en Neesopbau sollen zur Verfügung gestallt ginn.

Biller op der Tëlee weisen zerstéiert Haiser, Debrisen op de Stroosse souwéi ëmgekippte Gefierer, zerfatzte Clôturen an entwuerzelt Beem. Ganz Siidlunge goufen Aenzeien no dem Äerdbuedem gläichgemaach. Zéngdausende Mënschen a Mississippi grad wéi an den ugrenzende Staaten Alabama an Tennessee hu kee Stroum méi.

Besonnesch getraff huet et déi kleng Stad Rolling Fork am Landkrees Sharkey. D'Rettungsekippen op der Plaz hunn et verglach mat engem Krichsgebitt. Sämtlech Butteker um Highway 61 wieren zerstéiert.

"D'Verloschter an dëse Stied wäerte fir ëmmer ze spiere sinn", seet de Gouverneur vu Mississippi Tate Reves. Den US-President Joe Biden huet d'Biller vum Katastropheschutz "ergräifend" genannt. Verschidde Familljen hätten alles verluer.

Den Nationale Wiederdéngscht NWS huet e Freideg fir 21 Auer eng Warnung virun Tornadoen a golfballgrouss Knëppelsteng fir d'Uertschaft Rolling Fork an d'Regiounen niewendru verëffentlecht an hat d'Mënschen opgefuerdert, Schutz ze sichen. E Samschdeg de Moie gouf d'Warnung nees opgehuewen.

Tornadoe si schwéier virauszesoen. An den USA komme se relativ heefeg vir, besonnesch am Zentrum an am Süde vum Land. Den Ament preparéiert sech de Mississippi op weider Onwiederen, dorënner och nees vill Loft a Knëppelsteng. Wéi de Katastropheschutz nach gewarnt huet, sinn och Tornadoen net ausgeschloss.