De fréieren US-President hat sech a Florida mam bekannte Rassist Nick Fuentes an dem ëmstriddene Rapper Kanye West getraff.
D'Wäiss Haus verurteelt de fréieren US-President Donald Trump wéinst enger Entrevue a senger Residenz zu Mar-a-Lago a Florida mat dem bekannte wäisse Rassist a Leegner vum Holocauste Nick Fuentes an dem ëmstriddene Rapper Kanye West, deem de Kontrakt mat Adidas rezent wéinst Antisemitismus gekënnegt gouf.
"Intoleranz, Haass an Antisemitismus hätten an Amerika absolut keng Plaz- och net zu Mar-a-Lago", sou de stellvertriedenden Pressespriecher vum Wäissen Haus. Den Donald Trump hat selwer confirméiert, datt et en Owesiessen gouf. Den Nick Fuentes hätt hien awer net kannt. De Kanye West, dee sech just nach Ye nennt, behaapt, de Republikaner wier beandrockt gewiescht vum "White supremacist" Fuentes.