Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Weltwäit gesondheetlech Situatioun verbesseren: EU presentéiert nei global Gesondheetsstrategie

D'Strategie gesäit ënner anerem fir, de weltwäiten Zougang zur Krankeversécherung ze promouvéieren a verstäerkt géint global Pandemië virzegoen.

D'Europäesch Kommissioun huet e Mëttwoch déi nei global Gesondheetsstrategie vun der EU presentéiert. D'Zil vun dëser soll et sinn, déi global gesondheetlech Situatioun ze verbesseren. Fir dat ze erreechen, soll déi global Gesondheet en zentrale Pilier vun der europäescher Aussepolitik ginn.

D'Strategie gesäit ënner anerem fir, de weltwäiten Zougang zur Krankeversécherung ze promouvéieren a verstäerkt géint global Pandemië virzegoen. Ausserdeem soll déi international Communautéit besser op zukünfteg gesondheetstechnesch Problemer preparéiert sinn. Dofir soll e global, méi gerechten Zougang zu Impfstoffer a Behandlunge geschaaft ginn an et sollen international Reegelen, fir den Ëmgang mat Pandemien entstoen.

Donieft huet d'EU e Mëttwoch hiren éischte Rapport doriwwer, wéi gutt een op gesondheetlech Erausfuerderunge preparéiert ass, verëffentlecht. De Fokus vum Rapport läit op de Fortschrëtter, deen een zënter dem Ausbroch vun der Corona-Pandemie gemaach huet. Dozou zielt ënner anerem d'Schafe vun der Agence HERA, där hir Aufgab et ass, op gesondheetlech Noutfall-Situatiounen ze reagéieren. Allerdéngs misste weider Schrëtt ënnerholl ginn, fir besser op déi global, gesondheetlech Erausfuerderunge virbereet ze sinn. Dozou zielen ënner anerem chemesch, biologesch an nuklear Menacen a Krankheetserreeger, déi géint Antibioticke resistent sinn.