Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wichtegst Finanzplazen: Lëtzebuerg klëmmt ëm 6 Plazen op déi 21. Positioun

En Donneschdeg gouf den aktualiséierten Index vun de globale Finanzzentren (GFCI) verëffentlecht. Dobäi ass et zu interessante Changementer komm.

Am asiatesche Raum huet de wichtegsten a gréisste Finanzzentrum d'Plaz gewiesselt. Hei huet Singapur Hongkong elo ofgeléist. Singapur, dat zejoert nach op der 6. Plaz am Ranking stoung, läit elo op der 3. Plaz, eng Positioun virun Hongkong, wat ëm eng Positioun gefall ass.

Op der éischter an der zweeter Plaz bléift iwwerdeem alles onverännert. Déi weltwäit wichtegst Finanzzentre sinn ëmmer nach New York op 1. Plaz, respektiv London op der 2. Positioun.

De Grand-Duché konnt sech par Rapport zum leschten Index ëm 6 Positiounen op déi 21. Plaz verbesseren. Am europäesche Verglach läit Lëtzebuerg domat op der 6. Plaz vun de wichtegsten europäesche Finanzzentren. Hei muss sech Lëtzebuerg just géint London (1.Plaz), Paräis (10. Plaz), Frankfurt (18. Plaz), Amsterdam (19. Plaz) a Genf (20. Plaz) geschloe ginn.

D'Finanzplaz, déi sech am meeschte verbessere konnt, ass iwwerdeems déi maltesesch. Malta konnt sech ëm 27 Positiounen op déi 63. Plaz verbesseren. Déi gréisste Verschlechterung geet un d'Finanzplaz vun Jakarta. Déi indonesesch Finanzplaz verschlechtert sech ëm 26 Plazen op déi 95. Positioun.

Am Ganze goufen 119 Finanzplaze bewäert.