Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wocheréckbléck vun der Santé: Hausse vu 34% bei de Grippefäll

Wéi d'Santé an hirem Rapport matdeelt, ginn och d'lescht Woch d'Infektioune mam Influenzavirus weider an d'Luucht. D'Corona-Infektioune gi liicht zréck.

Mat 1.767 Infektioune mam Coronavirus an der Woch vum 13. bis den 19. Mäerz géigeniwwer 1.784 Infektiounen déi Woch virdrun huet d'Santé e liichte Réckgang vun 1 % constatéiert. Vun den 1.767 Fäll ware 56,2 % Reinfektiounen, also Persounen, déi sech virdru schonn emol infizéiert haten.

Am Duerchschnëtt ware 17 Mënsche mat Infektiounen hospitaliséiert, wouvun déi lescht Woch kee Patient op der Intensivstatioun louch. Zwou Persoune sinn déi lescht Woch mat Covid oder un de Suitte vun der Infektioun gestuerwen. An der Moyenne waren d'Patienten an de Spideeler 68 Joer al.

PDF: Coronavirus - Retrospectiv vun der Woch

Mat 532 Grippefäll tëscht dem 13. an dem 19. Mäerz gouf eng Hausse vu 34 % festgestallt. Den Influenzavirus vum Typ B ass och déi Woch weiderhin dominant.

RTL