Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

WRC Rallye Neiséiland: Kalle Rovanperä jéngste Rallye-Weltmeeschter

Mat senger Victoire bei der Rallye Neiséiland huet sech de Finn (Toyota) zum jéngste Rallye-Weltmeeschter an der Geschicht vun der WRC gekréint.

De Kalle Rovanperä an de Jonne Halttunen op Toyota hunn e Sonndeg d'Rallye Neiséiland gewonnen a sech domadder zwou Manchë virum Enn vun der Saison den Titel an der Rallye-Weltmeeschterschaft (WRC) geséchert. Am Alter vun 22 Joer an engem Dag ass de Rovanperä elo de jéngste Champion an der Geschicht vun der WRC an huet de Rekord vum Colin McRae, dee bei sengem Titel am Joer 1995 27 Joer al war, gebrach.

De Rovanperä a säi Kopilot hu sech an Neiséiland nieft der Schlussvictoire vun der Rallye och d'Powerstage geséchert. Op de Podium sinn nach de Sébastien Ogier (Toyota) an den Ott Tänak (Hyundai) gefuer. Si haten e Réckstand vu 34 respektiv 48 Sekonnen.

No senger sechster Victoire an dëser Saison bei der 11. Manche vun der Rallye-WM huet den neie Weltmeeschter am WM-Klassement e Virsprong vu 64 Punkten op de Hyundai-Pilot Ott Tänak, deen dëse bei de leschten zwou Rallyen a Spuenien an a Japan net méi ophuele kann.

De Rovanperä ass deen éischte finnesche Rallye-Weltmeeschter zanter 2022.