Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zenter fir Migranten: Autoritéiten ermëttelen no Brand a Mexiko géint Gardienen

Nodeems an engem Zenter fir Migranten e Feier ausgebrach war, sinn 39 Mënsche gestuerwen. Éischten Ermëttlungen no hätten d'Gardienen hinnen net gehollef.

Nom Doud vun 39 Migranten an der Stad Ciudad Juárez an Nordmexiko gëtt elo wéinst Homicide géint d'Gardienen enquêtéiert. Aacht Mataarbechter stinn am Verdacht, fir den Doud vun den agespaarte Migrante responsabel ze sinn, wéi déi mexikanesch Autoritéite matdeelen.

"Kee vun de Beamten a kee vun de private Sécherheetsleit hunn eppes ënnerholl, fir d'Dier fir d'Migranten opzemaachen, déi banne waren, wärend et scho gebrannt huet", huet d'Procureur vum Parquet erkläert, déi op Mënscherechtsfroe spezialiséiert ass. D'Procureur huet vun Homicide a Kierperverletzung souwéi "Beschiedegungen" geschwat, woubäi d'Ermëttlunge weider Strofdoten un d'Luucht brénge kéinten.

Aacht Verdächteger wieren identifizéiert ginn, huet d'Ministesch fir ëffentlech Sécherheet, d'Rosa Icela Rodríguez, erkläert. Deemno wieren et dräi Beamte vum Nationalen Institut fir Migratioun a fënnef Membere vun enger privater Sécherheetsfirma. Op d'mannst véier Mandat d'arrête wäerten ausgestallt ginn.