Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zesumme fir Inklusioun (ZEFI): Präis fir d'Escher Jugendhaus

Et feelt am Escher Jugendhaus zwar aktuell nach un engem Lift, ma d'Personal gëtt sech vill Méi. D'Demande beim zoustännege Ministère gouf gemaach.

De Leandro kënnt zanter 6 Joer reegelméisseg an d'Escher Jugendhaus. Hei fillt hie sech wuel. D'Personal an déi aner Jugendlech si mat der Zäit seng zweet Famill ginn.

Rollstullgerecht ass d'Haus hannert der Brillschoul net. Wann de Leandro wëll u sengem Musekprojet schaffen, muss hien op den éischte Stack. Allerdéngs ginn et och hei nëmmen Trapen. Déi hënneren de Mann awer net dru sengem Hobby nozegoen.

Am Jugendhaus feelt et un engem Lift. D'Demande heifir huet d'Escher Gemeng un den zoustännege Ministère geschéckt. Et kéint awer nach bis 2024 daueren, bis dëse Lift kann a Betrib geholl ginn.

D'Personal vum Escher Jugendhaus huet vun der asbl "Zesumme fir Inclusioun" e Präis an e Scheck kritt, als Merci fir hir Beméiunge keen auszeschléissen. An dësem Fall behënnert Matmënschen.

D'asbl ZEFI - Zesumme fir Inklusioun gëtt et zanter 30 Joer. 20 Joer ginn et, dass d'Associatioun Clibb, Schoulen oder aner Institutioune mat engem Präis auszeechent, déi sech fir d'Integratioun vu Leit mat enger Behënnerung beméien. Dëst Joer geet de Präis un d'Jugendhaus vun Esch.